29 Mar 2016

Wandelt op kinnekleche Spure!

vun Good Idea | Kommentéieren

Zu Lëtzebuerg kann een op verschidde Manéieren op de kinnekleche Spure wandelen, an zwar andeems een de Palais an der Stad oder eent vun de Schlässer am Land besicht, mee och beim Akafen! Am Moment gëtt et bal 40 sougenannten “Fournisseurs de la Cour”, also Betriber, déi vum groussherzoglechen Haff deen Titel kritt hunn.

D’Geschicht vun deem Titel geet zeréck bis an d’Mëtt vum 19. Joerhonnert, an d’Regierungszäit vum Guillaume III, Kinnek vun den Niederlanden a vum Groussherzogtum Lëtzebuerg. All Betrib resp. all Commerçant kann deen Titel kréien, wann en op mannst fënnef Joer laang reegelméisseg den Haff beliwwert huet. Selbstverständlech gëtt dobäi en héijen Usproch un d’Qualitéit gestallt. Als Client kann een déi ausgezeechent Betriber um Wope vun der groussherzoglecher Famill erkennen.

Iwwer d’ganzt Land verdeelt gëtt et Betriber, déi sech “Fournisseur de la Cour” nennen däerfen. Vill sinn der allerdéngs an der Stad ze fannen. Ob Bijoutier, Metzler, Brasserie, Wäikellerei, Telekommunikatiounsentreprise, Institut de beauté, Coiffer, Maroquinerie, Pâtissier oder Parzeläinsbuttek – queesch duerch all d’Branchë kann een zu Lëtzebuerg de ganz individuellen “royalen” Touch vun de lokale Betriber entdecken.

Mer wëlle Iech e puer Lëtzebuerger Geschäftsleit virstellen, déi sech „Fournisseur de la Cour“ nennen dierfen. Der fann déi Lëscht hei.

Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché