Beim Julie resp. “Chez Julie” gëtt et Bio-Kascht! Wat hei op den Dësch kënnt, gëtt all Dag frësch zoubereet, an dobäi gëtt Uecht geluet op frësch a saisonal Produiten. Loosst Iech beim Julie mat Zoppen, Zaloten, Quichen, Dagesmenüen, Desserten, Smoothien, Téi a Kaffi verwinnen. Dir kënnt Iech och alles apake loosse fir matzehuelen.
Bei “Chez Julie” kritt Dir ënner anerem och Hunneg aus der Regioun, Viz, Téi a Bio-Kaffi ze kafen. Ausserdeem kënnt Der hei gratis surfen. Dernieft organiséiert “Chez Julie” gär fir Iech Är privat oder geschäftlech Treffen.







Méindes bis freides vun 11.00 bis 18.00 Auer. 



