Grouss Braderie an der Stad

Ufanks September ass eng lass an der Stad: Nieft der gréisster Kiermes an der Groussregioun, déi da schonn zënter e puer Deeg op huet, ass méindes, den 2.9., Grouss Braderie an der Stad. Den Dag virdrun ass verkafsoppene Sonndeg mat Floumaart!

Kiermes, e Bummel duerch d’Stad, Juegd op gutt Affären – dat alles léisst sech wonnerbar matenee verbannen. D’Braderie ass e eng absolut Mussesaach fir all déi, déi sech op déi eng oder aner gutt Affär freeën. D’Händler hu virun hire Butteker Stänn opgebaut, et gi Prozenter a Promotiounen – et ass also derwäert, laanscht kucken ze goen!

Op enger Längt vu 5 Kilometer fannt Dir vun 8 bis 18 Auer staark reduzéiert Markenartikelen – en Akafserliefnes sonnergläichen. Am Garer Quartier an am Zentrum verkafen iwwer 400 Händler hir Wueren am Fräien. Béid Quartiere verwandele sech a grouss Foussgängerzonen. Dofir ginn et e puer Ännerungen am ëffentlechen Transport.

Beim Cityshopping Info Point op der Plëss kritt Dir nëtzlech Informatiounen iwwer d’Akafsméiglechkeeten an der Stad. Ausserdeem kënnt Der bei engem Spill vum Geschäftsverband eppes gewannen.

Informatiounen zum verkafsoppene Sonndeg an zum Floumaart fannt Dir hei. Shopping a Schueberfouer – béides zesummen dës Deeg wuel eng richteg Good Idea!

 

 




Besicht de Grand-Duché