Et gëtt eng Plaz do fannt der Designmiwwelen an Dekoratiounsartikele combinéiert mat de flottste Bicher. $ Zanter November 2009, hu sech Ernster a Sichel zesummegedoe fir Iech an engem eenzege Geschäft zu Esch-Uelzecht z’empfänken. Loost Iech vun dësem flotte Konzept iwwerraschen!
8 September 2010 vun Good Idea
|
Ladyfactory ass den éischten Outlet shop am Beräich vun Luxusparfumen zu Lëtzebuerg. Bei Ladyfactory fannt dir Parfumen a Kosmetikartikel vu 25 bis 70% méi belleg wéi an deene normale Geschäfter. D’Parfumen kommen aus Déstockagen oder sinn fin de série. D’Offer ännert déi ganzen Zäit a verschidden Serien si limitéiert wat d’Quantitéiten ugeet.
9 August 2010 vun Good Idea
|
De Buttek « Ëm de Séi a méi » huet am Abrëll 2010 seng Dieren zu Esch-sauer opgemaach, dat an Zesummenaarbecht mam Naturpark « Oewersauer ». Hei geet et drëm déi lokal a regional Produkter ze promovéieren. Am Buttek ass eng Epicerie, en Bäckerei, an ee klenge Shop wou der Accessoiren, Bijouen, an Dekoratiounsartikele kafe kënnt. An der „Café-Stuff » [...]
30 Juli 2010 vun Good Idea
|
Dëst klengt sympathescht Blummegeschäft huet am Fréijoer 2010 seng Dieren opgemaach. D’Proprietaire huet eng Experienz vu 16 Joer a si kann Iech ganz sécher professionell beroden. Blooms Art Floral verkeeft Planzen a Blumme fir ären Interieur ze verschéineren, mä och fir an de Gaart oder op de Balcon ze setzen. Flott Blummebuckien a Blummenarrangementer kennen bestallt [...]
26 Juli 2010 vun Good Idea
|
Den Empfank ass häerzlech an dësem Buttek, wou eng ganz Rei u jonk Kreateuren hir eenzegaarteg Bijouen, vir bezuelbar Präisser, presentéieren.Mä et gëtt net nëmme Bijouen, och Poschen, Fischien, an aner Accessoirë ginn et do ze kafen. Interessant ass och den Interieur vum Buttek selwer, dee vun der renoméierten Artistin Catalina Estrada kreéiert ginn ass. [...]
25 Juni 2010 vun Team Good Idea
|
D’Pièce rare ass ee richtege Paradäis fir Damen. Dekoratiounsartikelen, all Miwwelen, Kleeder a Bijouen,… wann der Iech selwer oder aneren eng Freed wëllt maachen, da si der hei op der richteger Plaz. A fir dann alles richteg ze parfuméieren, huelt ee vun de parfuméiert Säckelcher aus Spëtzt oder Tüll matheem déi mat extraen Kraider gefëllt [...]
7 Abrëll 2010 vun Good Idea
|
In Fine ass ganz sécher net eng normal Parfümerie, ass awer ganz sécher een Ëmwee wäert. Verstoppt an enger Säitestrooss zu Diddeleng, weess In Fine mat senger grousser Kollektioun vun eenzegaartege Parfumen ze begeeschteren. Hei gëtt et eppes fir all Nues vun extravagant bis klassesch. Mat engem spezielle vum Parfumeur Jean Patout entwéckelten Test kann [...]
10 Februar 2010 vun Good Idea
|
Um éischte Stack vum Pall Center zu Uewerpallen, fannt dir déi gréisste Marken fi ralles ronderem de Baby. An desem Buttek fillen sech d’Mammen an d’Babien esou richteg wuel. D’professionell Equipe vum Little Fox berot iech gären. Dese Buttek ass ganz no bei der belscher Grenz, nemme e puer Kilometer vun Arel ewech.
11 Januar 2010 vun Good Idea
|
Een neit 100% Miwwel- an Dekoratiounsgeschäft huet viru Kuerzem seng Dieren zu Esch-Uelzecht opgemaach. Alles do ass a Portugal gemaach an designed: Miwwelen, Dekoratiounsartikelen, Better, Dëscher, Still asw. D’Marken sinn alleguer portugisesch. André Design Décor kann Iech awer och är Miwwelen op d’Mooss maachen. Wann dir frou sidd mat modernen, design Saachen, déi aus Portugal [...]
23 Dezember 2009 vun Good Idea
|
Stellt Iech mol déi gréissten Nimm aus dem Design an engem eenzege Geschäft vir. An dat gëtt et! Dir wéisst net wou? Ma bei Fox Design zu Uewerpallen. An dësem Buttek fannt der déi allerschéinsten Kollektioune vu 40 Designermarke vu Miwwel, Dekoratiounsartikel an Accessoirë fir äert Doheem. A wann der mengt Design misst ëmmer deier [...]
21 Dezember 2009 vun Good Idea
|
Eng gudd Idea fir... vun Kieffer Renée
eng néi Adress ass... vun Gonner Josée
... vun tavoloni antoaneta