NEI!

Sichel & Ernster

Et gëtt eng Plaz do fannt  der Designmiwwelen an Dekoratiounsartikele combinéiert mat de flottste Bicher. $ Zanter November 2009, hu sech Ernster a Sichel zesummegedoe fir Iech an engem eenzege Geschäft zu Esch-Uelzecht z’empfänken. Loost Iech vun dësem flotte Konzept iwwerraschen!

8 September 2010 vun Good Idea
|Setzt e Commentaire derbäi
Notéieren 1 Stëmmen

Showroom by Lucien Schweitzer

Kommt laanscht a kuckt Iech mol déi nei Expo vum Lucien Schweitzer zu Mondorf un ! De Showroom ass komplett renovéiert ginn an dat esou, datt der mengt dir giff an eng Wunneng era goen. Dir fannt do Miwwel fir d’Kichen, d’Schlofzëmmer, de Büro, de Living an d’Salle à manger. Hei gëtt et lauter modern an [...]

3 September 2010 vun Good Idea
|Setzt e Commentaire derbäi
Notéieren 0 Stëmmen

Juice’a'liscious

Zanter Mee 2010, kennt dir Iech hei zu Lëtzebuerg wéi a Kalifornien fillen. D’Patricia Engel, dat 7 Joer laang eng Bar fir Jusen an den USA hat, huet um Boulevard Royal de Juice’a’liscious opgemaach. Fresch gepressten Uebst- a Geméisjusen, Smoothien an Zaloten, déi kleng Bar ass einfach een Dram fir all déi Leit déi op [...]

25 August 2010 vun Good Idea
|Setzt e Commentaire derbäi
Notéieren 0 Stëmmen

Schueberfouer

Achterbahnen, Rieserad, Fouerkino, Gaufren, Barbe-à-Papa a Gromperekichelcher… d’Schueberfouer um Glacis ass rëm do. D’Schueberfouer begeeschter déi kleng an déi grouss mat hire Spiller, der Folklore an de villen Iessstänn. Gegrënnt gouf d’Schueberfouer am Joer 1340 vum Jang de Blannen, Grof vu Lëtzebuerg a Kinnek vu Böhmen a reit sech domatter an d’Rei vun de groussen [...]

16 August 2010 vun Good Idea
|Setzt e Commentaire derbäi
Notéieren 3 Stëmmen

Le Chalet

De Restaurant Le Chalet, direkt bei de Baggerweieren tëscht Réimech a Schengen ass schonns laang eng Institutioun op der Musel. E läit ganz no beim Waasser, an empfänkt schonns joerelaang Touristen a Familljen aus der Regioun fir ee gutt Iessen no engem Schwammdag. Zanter kuerzem ass de Chalet renovéiert ginn, an ass elo bannen an [...]

11 August 2010 vun Good Idea
|Setzt e Commentaire derbäi
Notéieren 2 Stëmmen

Ambiente

Net manner wéi 5 verschiddene Säll, déi virum kuerzem nei dekoréiert goufe waarden och beim Ambiente. D’Ambiance ass an all Sall e bëssen aneschters. D’Equipe vum Ambiente schafft mat frësche Produiten déi mat Léift gekacht ginn a proposéiert Iech eng italienesch a franséisch Kichen. D’Wäikaart wees och z’iwwerzeege mat bekannten Nimm an « Neientdeckungen », déi vu [...]

6 August 2010 vun Luxembourg, Merl
|Setzt e Commentaire derbäi
Notéieren 0 Stëmmen

Maison du Sultan

Ee Riad zu Lëtzebuerg? Jo dat gëtt et an der Maison du Sultan (déi fréier Maison berbère) zu Beggen. Hei kënnt der déi orientalesch Kiche mat all hire Subtilitéiten entdecken. D’Ambiance ass wéi an 1000 an enger Nuecht, raffinéiert a romantesch. D’Maison du Sultan liwwert Iech och de Couscous heem. Bestellt a genéisst! D’Equipe vum [...]

2 August 2010 vun Good Idea
|Setzt e Commentaire derbäi
Notéieren 2 Stëmmen

Glacis by Wengé

De Wengé huet een neit d’Geschäft um Glacis opgemaach, dat och Glacis heescht. Eng nei Adress wou dir ee Restaurant, eng Bar an ee Geschäft fannt, an dat ganzt an enger raffinéierter an entspaanter Atmosphär. D’Dekoratioun vun deem neie Lokal ass esou wéi een et vu Wengé gewinnt ass, sober an elegant. An der Kichengëtt ëmmer [...]

28 Juli 2010 vun Good Idea
|Setzt e Commentaire derbäi
Notéieren 2 Stëmmen

Blooms Art Floral

Dëst klengt sympathescht Blummegeschäft huet am Fréijoer 2010 seng Dieren opgemaach. D’Proprietaire huet eng Experienz vu 16 Joer a si kann Iech ganz sécher professionell beroden. Blooms Art Floral verkeeft Planzen a Blumme fir ären Interieur ze verschéineren,  mä och fir an de Gaart oder op de Balcon ze setzen. Flott Blummebuckien a Blummenarrangementer kennen bestallt [...]

26 Juli 2010 vun Good Idea
|Setzt e Commentaire derbäi
Notéieren 0 Stëmmen

Sobogusto

«  Ee grousse Comptoir an der Entrée an ee Restaurant op zwou Etagen, der tëschent den Disc-jockey », sou presentéiert sech dës nei Lokalitéit zu Hollerech. Dëst flott a modernt Etablissement mat bloen Neonsluuchten a risege Schwaarz-Wäiss Fotoen bitt iech eng traditionell nostalgesch italienesch Kichen. Um éischte Stack fillt der Iech éischter wéi an engem Schwäizer Chalet. [...]

23 Juli 2010 vun Good Idea
|Setzt e Commentaire derbäi
Notéieren 1 Stëmmen