Mäerz 2010

Boutique Kassandra

Eng trendy Ambiance, ee gudde Service a grouss Marke wéi Frieda & Freddies, Escola oder och nach Lisa Valli… Dat presentéiert Iech de Buttek Kassandra. Hei kritt der Kleeder vun Taille 34 bis 46. Ee Beräich vum Geschäft ass reservéiert fir Ënnerwäsch a Schwammboxen a – Mailloten, fir Dammen an Hären. Vis-a-vis vum Geschäft ass [...]

31 Mäerz 2010 vun Good Idea
|Setzt e Commentaire derbäi
Notéieren 4 Stëmmen

Fonshop

De fréieren Futtballnationalspiller Fons Leweck heescht Iech a sengem neie Geschäft zu Ettelbréck wëllkomm. Beim Fonshop hutt dir eng grouss Auswiel u sougenannte street style Kleedung fir Damen a fir Hären. Dir fannt do och Bijouen, Aueren an aner moudesch Accessoiren. D’Geschäft zu Ettelbréck ass dat zweet vum Fons Leweck. Säin éischte Buttek ass am [...]

29 Mäerz 2010 vun Good Idea
|Setzt e Commentaire derbäi
Notéieren 4 Stëmmen

Senningen

De Senningen heescht Iech an engem modernen an elegante Kader wëllkomm. All Mëtten kënnt dir ären eegenen Dagesmenü zesummesetzen. Mëttwochs owes, gëtt et am Restaurant ee Menü „Tentation », deen all Mount changéiert, fir dat der ëmmer erëm iwwerrascht gitt. De neie Kichechef Guy Schüssler zaubert seng Platen mat vill Kreativitéit a benotzt dofir haaptsächlech Saisonsproduiten. [...]

26 Mäerz 2010 vun Good Idea
|Setzt e Commentaire derbäi
Notéieren 1 Stëmmen

Zadig & Voltaire

Déi Paräiser Luxusmarke « Zadig & Voltaire » huet elo och ee Geschäft an der Stad Lëtzebuerg! Zanter si am November d’läscht Joer hier Dieren opgemaach hunn, hunn si fir Begeeschterung gesuergt, besonnesch an der Dammewelt. Si realiséieren hiren „Rock & Roll » Chic mat héichwäertege Materialie wéi zum Beispill Kaschmir. Am Moment gëtt et zu [...]

24 Mäerz 2010 vun Good Idea
|Setzt e Commentaire derbäi
Notéieren 2 Stëmmen

enNeff Informatique

enNeff Informatique 39, blv Kennedy L-4930 Bascharage alles rondrem de Computer fair Präisser, gudde service

22 Mäerz 2010 vun Margot Schiltz
|Setzt e Commentaire derbäi
Notéieren 5 Stëmmen

Konrad

Dat gouf et bis elo sou nach nët an der Stad Lëtzebuerg: eng Plaz wou ee Kleeder kafe a gläichzäiteg eppes iessen oder ee Patt huele kann. Genau dat ass elo beim Konrad méiglech. Sandwichen mat Biobrout, Séisses, Wäiner, Téien a Bio-café, de lokale Béier Okkult; am Caféseck fannen d’Frënn vun der „Green Attitude » hieres. [...]

22 Mäerz 2010 vun Good Idea
|2 commentairen »
Notéieren 3 Stëmmen

Aka cité

An engem flotten a frëndleche Kader heescht d’Equipe vum Aka Cité («déi rout Stad» op Japanesch) Iech mat hire Gourmangsegkeete wëllkomm Um Menü sti japanesch Spezialitéite wéi Sushien, Makien, Sashimien. Si ginn Iech op engem klengen Zichelche presentéiert, engem „Sushi Train ». Dat ass ee Must fir all d’Fanen vun der japanescher Kichen. Dir musst net [...]

12 Mäerz 2010 vun Team Good Idea
|Setzt e Commentaire derbäi
Notéieren 3 Stëmmen