Interview mam Adélaïde Dubucq

Adélaïde Dubucq

Wéi gesinn déi grouss Moudetrends am Fréijoer/Summer 2015 aus?
E puer Trends vum leschte Joer gëtt et och nees dëst Joer, wéi zum Beispill deen éischter bourgeoise Stil: Do gi ganz gär verschidde Matièrë kombinéiert, mat romantescher Spëtzt beispillsweis, dat Ganzt hautfaarweg oder a Crème-Téin. Blo-wäiss gesträift ass nach ëmmer in, sief et als Matrousepullover, als Rack oder als T-Shirt. Dat léisst sech och wonnerbar mat enger Jeansjackett oder engem Blouson am “Bomber”-Stil kombinéieren. Glanz a Glamour gëtt et och 2015 erëm… Pailletten, mol Sëlwer, mol Gold an dobäi och sämtlech Zorte vu Broderien, déi souwuel uniss Kleeder wéi och Kleeder mat Motiver oder Musteren opwäerten. D’Moudewelt wäert ausserdeem och dëst Joer nees vu Géigesätz gepräägt sinn: Engersäits experimentéiert ee mat Motiver a Faarwen, anerersäits ginn et erëm ganz schlicht, uniss a graphesch Looken.

Wéi engem Material begéint een dëse Summer mat Sécherheet?
Ganz kloer Jeansstofft! Als Hiem, Jupe oder Jackett … a villes méi.

A mat wéi enger Faarf läit een dës Saison am Trend?
Kaki ass nees in! Donieft awer och Schwaarz a Wäiss, mol eefaarweg, mol kombinéiert. Ganz schick!

Accessoirë si jo och net ze ënnerschätzen. Wat sollt een onbedéngt hunn?
Wat onbedéngt muss si fir all déi, déi den Gipsy-Stil gär hunn, ass eng Posch mat Fränjelen. Wat d’Schong ubelaangt, si wäiss Turnschlappe wéi “Stan Smith” vun Adidas z.B. en absolute Must.

A wat fir en Outfit géift Dir fir déi nächst Saison auswielen?
Ech sinn en absolutte Fan vun Overalls, déi een och “Jumpsuits” nennt. Déi kommen am Fong aus der Häremoud, erliewen awer dës Saison bei bal all den Designeren hire grousse Comeback. Ech hunn och gär kierperbetount Boxe mat Elefantepatten, also ganz wéi an de 70er Joren. Dat erënnert mech u meng Kandheet, an natierlech och un déi ganz Ambiance ronderëm d’Formel 1-Pisten. Dës Boxe kann een iwwregens och mat enger weider Coupe an a lëftege Matièren droen. Ugesot ass och d’Skinnyform. Mol mat Rimm, mol ouni: dobäi am beschte Schong mat héijen Talleken a Bijoue kënnen och näischt schueden … sou betount Dir trotz männlecher Box Är weiblech Säit!

  • Fir weider Infoen iwwert Adélaïde klickt hei.



Besicht de Grand-Duché