Iwwer eis …

Good Idea 4

Déi Auswiel vun Top-Adressen am Grand-Duché!

Zënter 2007 stellt d’Equipe vu Good Idea zesumme mat ville Fans Top-Adressen zu Lëtzebuerg vir a versicht esou, Iech spannend Tuyauen ze ginn, fir am ganze Land ze shoppen an erauszegoen. Geschäfter, Restauranten, Ausstellungen, Wellness … Zu Lëtzebuerg gëtt et sou gutt wéi ni langweileg! Geheit einfach mol e Bléck op d’Lëscht vun eise gudden Iddien a bréngt Ofwiesselung an Ären Alldag!

Et gëtt méi wéi 800 gutt Iddien ze entdecken

Lokal Design-Iddien, kleng Boutiquen, aussergewéinlech Restauranten … Inspiréiert Iech op Goodidea.lu a verbréngt en entspaantene Shopping- an Erliefnesweekend am Grand-Duché.

Dir braucht Erhuelung? E Fintness-Coach oder en neit Outfit? Bei eisen -zeg honnert Good Ideas wäert och sécher eppes fir Iech derbäi sinn. Entdeckt d’Hotspotten a Stad a Land a maacht Iech eng Freed mat eise gudde Iddien! E Cappuccino an engem gemittleche Café? Déi bescht Mojitos an der Stad? Déi schéinste Sonnenterrassen? Restaurante mat Lëtzebuerger Spezialitéiten? En éischten Androck vun aussergewéinlechen Adresse kritt Dir scho mat eise Good Ideas, mat Beschreiwungen a Fotoen.

Verkafsoppe Sonndeger, Antiquitéiten -a Floumaërt, Maartdeeg … Mat Goodidea.lu bleift Dir ëmmer iwwer Aktuelles an Neies aus der Shoppingwelt vu Lëtzebuerg informéiert.

Deelt eis Är Good Ideas mat!

Dir hutt eng flott Plaz entdeckt an hätt gär, dass och anerer dovu profitéieren? Da post Ären Tipp op Goodidea.lu.

Dir sidd Commerçant a géift eis gär eng gutt Iddi an Ärem Geschäft virschloen? Schéckt eis einfach Ären Tipp.

Bleift a Kontakt mat eis!

Followt eis op Facebook an op Twitter an abonnéiert Iech op eis Newsletter. Da kritt Dir all Mount nei gutt Iddien an Är Mailbox.




Besicht de Grand-Duché