Geméis vum Mount

Gemüse Légume Vegetable

Hutt Dir Iech scho mol gefrot, vu wou dat Geméis, dat Dir Woch fir Woch kaaft, hierkënnt? Oder ob grad “Saison” ass? Mir géifen Iech gär an enger Serie vun Artikelen all Mount nei Tuyaue ginn, wat Geméis ubelaangt: saisonorientéiert a lokal ugebaut a vermaart. Bei der Auswiel hëlleft eis den Niki Kirsch zesumme mat sengem Jong, dem Claude. Hie seet vu sech: “Geméis ass mäi Liewen”.

Hie produzéiert selwer Geméis an engagéiert sech am Maarteverband – enger Lëtzebuerger Vereenegung, déi all Woch Frëschmäert am ganze Land organiséiert. Héijen Usproch u Qualitéit, attraktiv Presentatioun vun de Wueren an e gudde Service sinn d’Markenzeeche vun dëse Mäert.

Hei sinn eis “Maart-Good Ideas”:

Pourpier    Närstoffräicht Geméis am Trend : Pourpier
Oseille    Wëllt Geméis mat vill Vitamin C: Sauerampel
Chou-fleur    Ze schued fir wäiss Zooss: Choufleur
Radieschen    “Äiszappen” als summerlech Delikatess
Gemüse des Monats_Bohnen    Frësch aus dem Gaart: D’Boune sinn zeideg!



Besicht de Grand-Duché