Marc Weydert

Marc Weydert

Wat bedeit d’Schueberfouer fir Iech perséinlech?

D’Schueberfouer läit mir immens um Häerz! Wann ee gesäit, wéi iwwerall an Europa d’Kiermessen esou lues ausstierwen, kann een op d’Erfollegsbilanz vun der Fouer nëmmen houfreg sinn. D’Foraine kommen aus villen europäesche Länner, an dat schonn zënter Generatiounen! Mir garantéieren e gesonde Mix aus Gastronomie, Spiller a Bude wéi zum Beispill Schéissbuden.

Wéi laang schafft Der schonn op der Schueberfouer a wat genee ass Är Aufgab?

Ech sinn zënter 24 Joer dobäi a managen dës Kiermes. Dat war eigentlech am Ufank net esou geplangt, ma d’Liewen huet eben ëmmer e puer Iwwerraschunge parat. Ech hale Kontakt zu de Forainen a këmmere mech ëm d’Zesummestellung vun der Offer op der Kiermes an de gudden Oflaf.

Wat ass déi gréisst Erausfuerderung an Ärem Aarbechtsberäich?

An der Tëschenzäit muss ee soen, datt et am schwieregsten ass, déi vill Virschrëften an Normen ëmzesetzen resp. anzehalen, déi mer besonnesch vun europäescher Säit kréien. Dat fänkt beim Aarbechtsrecht un an hält bei de Sécherheets- an Hygiènesbestëmmungen op. Um Enn muss sech d’Rad awer dréien, soss hunn d’Leit net déi Schueberfouer, op déi se sech déi ganz Zäit gefreet hunn!

Kënnt Der Iech u besonnesch schéin oder och kuriéis Erliefnesser erënneren?

Wat et fréier méi dacks ginn ass – an haut zum Gléck vereenzelt och nach ze fannen ass -, sinn déi sougenannte „Schaubuden“. Do gi kuriéis Saache gewisen, z. B. d’Fra ouni Kapp. Dat ass wierklech eng lëschteg Geschicht! Eng Kéier hat esou eng Bud och eng Riseschlaang derbäi, an déi huet sech kuerz ier d’Fouer opgaangen ass duerch d’Bascht gemaach. Dräi Deeg méi spéit hu mer se fonnt: Si louch net emol 5 Meter vun der Bud ewech laanscht den Trottoir. Vläicht huet jidderee se fir en décke Kabel oder eppes Ähnleches gehalen an duerfir net entdeckt.

Wéi gesäit Ärer Meenung no de perfekten Dag op der Schueberfouer aus?

Dee fänkt eigentlech mat enger intelligenter Urees un. Ech kann nëmme roden, net direkt um Glacis eng Parkplaz ze sichen. Mir hunn e gratis Shuttle-Service vun de P&R-Plazen aus. Vill Gemenge bidden och speziell Transfere mat Zuch a Bus un. Fir de Rescht gëtt et esou vill op der Schueberfouer, datt et mer géif schwéierfalen, eppes Bestëmmtes ervirzehiewen. Déi sechs nei Spiller dëst Joer sollt ee sech awer op alle Fall ukucken. A fir Famillje rentéiert sech de Familljendag. Do kann ee scho spueren!

D’Schueberfouer an engem Saz …

Dat bescht Volleksfest vun der Welt, well een hei alles op enger Plaz huet: ganz international a mam Maart dobäi eng richteg Fouer!




Besicht de Grand-Duché