18 Aug 2017

Schueberfouer 2017

vun Good Idea | Kommentéieren

D’Schueberfouer ass souwuel d’Kiermes vun der Stad Lëtzebuerg wéi och dat gréisstent Volleksfest vu Lëtzebuerg an der Groussregioun. Si zitt all Joer iwwer 2 Millioune Visiteuren op déi 4 Hektar grouss Fläch vum Glacis matzen an der Stad. Vum 23. August bis den 11. September 2017 ass et nees sou wäit! Da waarde ronn 3,5 Kilometer Kiermesbuden a Spiller op Iech!

D’Schueberfouer ass eng an Europa eemoleg Mëschung aus ronn 180 Attraktiounen: dorënner si grouss Spiller, Spiller fir Kanner, eng Dose Restauranten, vill Gedrénks- a Séissegkeetsstänn, Tombolas- a Schéissbuden an 80 Kreemerchesstänn. Forainen aus vill verschiddene Länner maachen d’Schueberfouer zu engem multikulturelle Volleksfest, dat awer och säin urtypesche Lëtzebuerger Flair behalen huet.

Dir wësst sécher selwer, wat d’Lëtzebuerger mengen, wann se vun hirer “Fouer” schwätzen … ob op engem vun de ville Spiller oder beim Genéisse vun den typeschen “Gromperekichelcher”, dem “gebakene Fësch” oder de leckere Gaufere mat Schlagsahn an Äerdbier! Allez, lass geet et op d’Fouer!

Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché