03 Jun 2015

Vill Manifestatiounen, ee Kalenner

vun Good Idea | Kommentéieren

Wou ass deen nächste Wochemaart zu Lëtzebuerg? Wat fir en Akafszenter bitt speziell Aktiounen un? Wéini ass déi éischt Braderie vun der Saison zu Lëtzebuerg? Vill Froen, ee Kalenner: Op Goodidea.lu kritt Dir e gudden Iwwerbléck iwwer déi aktuell an zukünfteg Manifestatiounen.

De Lëtzebuerger Commerce huet vill ze bidden. Mam Fréijoer fänkt och d’Maartsaison un. Wochemäert (Frëschmäert) sinn zwar d’ganzt Joer iwwer, mee an der waarmer Joreszäit kënnt Dir ausserdeem nees en Tour iwwer Flou- a Kleedermäert maachen. Ee vun de gréisste Mäert ass de sougenannten “Glacismaart”, e gemëschte Maart eemol de Mount sonndes um Glacis an der Stad. Op ville Plazen am Land organiséieren ausserdeem déi lokal Geschäftsverbänn vill Aktiounen, virun allem déi bekannt Braderien, Stroossemäert, ideal fir driwwer ze trëppelen a gutt Affairen ze maachen.

D’Lëtzebuerger Akafszentren hunn net nëmmen eng interessant Mëschung vu Marken, mee och e spannenden Eventkalenner. Extraiten dovu fannt Dir och op Goodidea.lu. Verkafsoppe Sonndeger, Solden … dës Datume sollt Dir op kee Fall verpassen. An net zulescht lackelt de Grand-Duché och mat senge villen Ausstellungen a Foiren (virun allem an den Hale vun der Luxexpo). Géint Enn vum Joer informéiert Iech Goodidea.lu och iwwer déi vill Chrëschtmäert am Land. D’Agenda fannt dir hei.

Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché