12 Feb 2015

Lecker Kichelcher aus Lëtzebuerger Produktioun

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Den Thierry Li ass en absolutte Kichelchers-Fan, deen sech awer an engem Punkt vun alle Kichelchersamateuren op der Welt ënnerscheet: Hien huet 2012 „Seabiscuit“ gegrënnt, déi éischt sozial Kichelchersfabrik zu Lëtzebuerg.

Firwat sozial? Well den Thierry mat behënnerte Mënschen zesummeschafft an si an d’Aarbechtsliewen integréiert. Wat och wichteg ze wëssen ass: De Betrib huet sech op de Fändel geschriwwen, lokal an ouni kënschtlesch Zousätz ze produzéieren.

Am Moment kritt Dir a klengen Tute verpaakte Kichelcher mat aacht verschiddene Goûten: renge Schockela, mat Schockelasstéckercher, mat karamelliséierten Nëss, Zitroun, Schocko-Orange, Rumroséngen, Kokosnoss – an zënter Chrëschtdag 2014 och Kanéil. Sidd Der op de Goût komm?

Hei fannt Der eng Lëscht vun de Geschäfter, an deenen Dir Produite vun Seabiscuit kafe kënnt!

Good Idea : Lokal, natierlech, solidaresch … dës Kichelcher schmaachen Iech bestëmmt!
An de Kichelcher vun "Seabiscuit" si keng Faarf -oder Konservéierungsstoffer a kee Palmueleg.
"Seabiscuit" gräift op regional Fournisseuren zeréck a verschafft méi wéi 70 % Miel, Eeër a Botter vun hei. D'Kichelcher hunn de Label "Made in Luxembourg".

Seabiscuit




 +352 691 114 865
 +352 24 61 17 88

 contact@seabiscuit.lu
 
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 1 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché