26 May 2014

Päreldreem gi Wierklechkeet

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Eng Pärel … domat huet viru ville Joren alles ugefaang, an de Pärelen ass d’Léa bis haut trei bliwwen. D’Léa ass Bijoutière, Bijousdesignerin an Expertin fir alles, wat blénkt a glënnert. An hirem Atelier a Geschäft “By Léa” an der Stad stellt si zesumme mat hire Mataarbechter eege Kreatiounen hier, déi – mol fantasievoll, mol klassesch – de Wënsch vun de Cliente gär ugepasst ginn.

Natierlech benotzt si dofir och Pärelen (iwwregens och echt Austerpärele vun Tahiti), mee och eng Hellewull un (Edel)steng, Gold- a Sëlwermaterialien. Eppes markéiert souwuel hiren Design wéi och hiert Geschäft: Ongezwongenheet.

D’Wënsch vun de Cliente gi realiséiert, egal, ob et sech ëm wäertvoll oder manner wäertvoll Bijouen handelt. Materialie kënnen och bestallt ginn, ouni dass ee se kafe muss, just fir sech se unzekucken. Dir fannt bei “By Léa” iwwregens och d’Marken Dyrberg/Kern a Reminiscence Paris.

Good Idea : Dir hutt al Bijouen a géift déi gär am richtege Sënn vum Wuert oppoléiere loossen? D'Léa weist Iech gär, wéi aus ale Schätz nei Glanzstécker ginn.
D'Léa entwërft a fabrizéiert Bijouen am eegenen Atelier zu Lëtzebuerg. A Course ronderëm d'Thema "Bijouen" informéiert d'Léa hir Cliente gär.

By Léa


13, rue des Bains
L-1212 Luxembourg

 +352 26 10 37 30
 +352 26 10 37 31

 lea@bylea.com
 
 Méindes vun 14 bis 18 Auer. Denschdes bis freides vun 10 bis 18 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché