27 Jun 2014

Selwer Gestrécktenes online bestellen

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Kënnt Der Iech nach un de Pullover, d’Händschen an d’Strëmp erënneren, déi Är Groussmamm Iech als Kand gestréckt huet? Selwergestrécktenes ass nees “in” a passt och zum Trend, lokal ze consomméieren.

D’Konzept “Mamie et moi” (Meng Boma an ech) aus Lëtzebuerg mécht et méiglech, och da selwergestréckte Saache fir Ären Nowuess ze kréien, wann d’Boma mol keng Loscht ze strécken huet. Iwwer den Online-Shop bestellt Dir d’Gezei, dat Dir gär hätt fir Kanner bis véier Joer, och individuell Wënsch bei Äre Commandë gi gär erfëllt.

Verschidden Dammen zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun strécken d’Wuer, woubäi si sech vill Méi ginn an héichwäerteg an duuss Materialie verschaffen, déi een och wäsche kann. Spéitstens dräi Wochen no der Commande kritt Dir déi bestallte Wuer geliwwert.

Good Idea : Wéi wier et mat engem "Mamie Box"-Abo? A reegelméissegen Ofstänn kritt Dir da Kleedungsstécker geschéckt - passend zur Saison an zum Alter vum Kand.
Wielt Äre Liiblingsproduit online eraus oder bestellt ganz individuell per E-Mail. Geliwwert gëtt spéitstens dräi Woche méi spéit. Séchert Bezuelen duerch Paypal méiglech!
E puer Dammen aus Lëtzebuerg an der Groussregioun strécke fir Iech!

Mamie et moi




 +352 691 822 511 (méindes bis freides vun 9 bis 17 Auer)

 info@mamieetmoi.com
 
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 1 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché