25 May 2016

Den 12. Juni ass Mammendag!

vun Good Idea | Kommentéieren

Dat ganzt Joer iwwer sinn et an der Reegel d’Mammen, déi hire “klenge sympathesche Familljebetrib” managen. Den 12. Juni ass zu Lëtzebuerg Mammendag, eng gutt Geleeënheet, der eegener Mamm en décke Merci ze soen. Ma all Joer stellt sech op en Neits déiselwecht Fro: Wat schenken ech menger Mamm?

Bei eis kënnt Dir zwar keng Virlage fir e Gedicht oder Schabloune fir ze molen eroflueden, ma mir kënnen Iech awer eng ganz Rëtsch vun interessante Butteker virstellen, déi aussergewéinlech Kaddosiddie fir Iech hunn. D’Gäertner an d’Floristen zu Lëtzebuerg kreéieren Iech gär e ganz perséinleche Bucki.

Kombinéiert et mat enger Nabbelerei aus engem vun de villen Delikatessebutteker oder engem extravagante Kosmetikproduit. Wéi wär et mat engem Bong fir eng Wellness-Behandlung? A ville Schéinheetsinstituter hei am Land kënnt Der Är Mamm sou richteg verwinne loossen.

Wie léiwer Zäit mat senger Mamm verbréngt an hir bei engem gudden Iesse Merci seet, dee sollt e Bléck an eis Kategorie vun de Restaurante geheien.

Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 1 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché