25 Sep 2015

I love Europe! Erlieft Europa live!

vun Good Idea | Kommentéieren

Zu Lëtzebuerg kann een Europa erliewen… Dat ass spéitstens zënter der Grënnung vun der sougenanntener Montanunioun 1952 de Fall. Sechs Staaten, dorënner Lëtzebuerg, hunn e wichtege Schrëtt a Richtung vun engem vereenten Europa gemaach.

Nach bis den 31. Dezember 2015 iwwerhëlt de Grand-Duché d’Presidence vum Conseil vun der Europäescher Unioun. An deene Méint kommen iwwer 26 000 Vertrieder aus den EU-Länner an doriwwer eraus op grouss Konferenzen a Reuniounen op Lëtzebuerg. D’EU-Presidence soll sech awer net nëmmen hanner zouenen Dieren ofspillen, mee och fir de Bierger gräifbar sinn.

Mir géifen Iech dofir gär am Kader vun eisem Dossier „I love Europe“ déi europäesch Säit vun eisem lokale Commerce an der Gastronomie unhand vun e puer “Good Ideas” virstellen. Kuckt emol eran an erlieft Europa live. Wann Dir nach aner gutt Iddien hutt, kënnt Dir se hei posten.

Während der EU-Presidence vu Lëtzebuerg sidd Dir iwwregens an der Stad (an zu Esch/Uelzecht) iwwert den ëffentleche W-LAN-Reseau gratis online. Méi Infoen hei. All d’Informatioune ronderëm d’Presidence 2015 fannt Dir op der offizieller Internetsäit!

Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché