07 Jul 2016

Picknick zu Lëtzebuerg

vun Good Idea | Kommentéieren

Summerlech Temperaturen an d’Sonn, déi schéngt, lackelen eis eraus! D’Terrasse vun de Caféen an de Restaurante si gutt besicht … mee och déi “wëll” Variant läit am Trend: picknicken. Wou lount et sech zu Lëtzebuerg seng Decken auszebreeden, fir eng Klengegkeet ze iessen an op verschiddene Plazen och ze grillen? Mir hu fir Iech e puer Picknick-Good Ideas zesummegestallt.

Wann Dir mat Kanner ënnerwee sidd, dann ass de Märeler Park e Paradäis. Ganz no beim Stadzentrum fënnt een hei immens vill flott Spiller op de Spillplazen. Dir kënnt entspaant am Schiet vun de Beem oder um Bord vum Weier picknicken an hutt Är Kleng ëmmer am A. D’Glace fir den Dessert gëtt et iwwregens am ganz zentral geleeëne Bar-Restaurant “Le Pavillon”. Ganz no bei ganz grousser Kultur picknickt Dir an de Gäert vun der Villa Vauban (all Dag, ausser dënschdes). Hei léisst sech Äre Picknick iwwregens perfekt mat engem Besuch vun der aktueller Ausstellung kombinéieren. Eng weider Picknick-Good Idea an der Stad ass de Park vun der Coque um Kierchbierg. Do gëtt et z.B. Boule-Terrainen, déi ee gratis benotze kann. Am “Kyosk” no bäi gëtt et Gedrénks, kleng Platen, Snacken a Séissegkeeten ze kafen. (D’Ëffnungszäiten hänke vum Wieder of, Detailer gëtt et op der Internetsäit vum Kyosk).

An elo geet et an den Norde vu Lëtzebuerg … Do läit de Stauséi, ongeféier 1km westlech vun Esch-Sauer. Et gëtt do verschidde Beräicher, wou een ë.a. fëschen, seegelen oder tauche kann. Ee Beräich ass fir d’Schwammen an d’sech Sonne reservéiert. Do kann een och wonnerbar grillen! Bei waarmem Wieder gëtt et do allerdéngs och ganz séier zimlech voll, dofir ass et besser, et mécht een sech fréi op de Wee , fir sécher eng schéi Plaz ze fannen !

Wann Dir nach fir Äre Picknick akafe musst, da fannt Dir eng Auswiel vun eise Good Ideas op eisem Blog.

Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

  • Good Idea: 2015-06-09 14:59:54
    Bonjour Christine,

    N'étant pas spécialiste pour répondre à cette question, je vous invite à vous rapprocher d'une association canine de Luxembourg qui pourra vous fournir une réponse plus précise en la matière
    Bien à vous,
    L'équipe Good Idea.
  • Christine Mohr: 2015-06-09 12:54:44
    Bonjour
    Et avec un chien ou peut-on aller? L'idéal serait de pouvoir le lâcher et qu'il puisse se baigner..
    Merci
Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché