28 Nov 2016

Vu lokal bis international: Kaddoen aus Lëtzebuerg

vun Good Idea | Kommentéieren

Hutt Der schonn all Är Kaddoen zesummen? Wann net, hätte mer nach e puer Iddie fir Iech! Wéi et sech fir e Chrëschtkaddo gehéiert, sti bei der Auswiel d’Individualitéit an d’Qualitéit vun de Produiten un éischter Plaz. De Lëtzebuerger Commerce zeechent sech duerch zwee Aspekter aus, déi wierklech predestinéiert sinn, fir passend Kaddoen ze fannen: lokal an international Produiten.

A ville vun eisen “Good Ideas” stelle mer Iech ënnert dem Titel “I love local” Kreativer, Producteuren a Commerçantë vun heiheem vir. Hei fannt Dir Marke resp. Wueren, déi Dir an där Form dacks nëmmen zu Lëtzebuerg kënnt kréien: vu Bëbeeskleedung iwwer Designkleeder bis hin zum eenzegaartege Lëtzebuerger Cider.

De Grand-Duché lieft vu Kontraster, dofir begeeschtert  nieft de spannende lokale Produiten och déi international Marken-a Produiten-Villfalt d’Clienten. D’Rubrik “I love Europe” stellt Iech déi multikulturell Säit vu Lëtzebuerg am Commerce vir. Wéi wier et mat engem aussergewéinlechen, rumänesche Wäin, portugiseschen, skandinaveschen oder britesche Spezialitéiten?

Eis Good Ideas ginn  Iech vill europäesch Geschenkiddien – ganz lëtzebuergesch eben.

Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché