16 Nov 2015

Wanterzauber a Chrëschtdagsglanz

vun Good Idea | Kommentéieren

Elo, wou den Niwwel déif hänkt an d’Deeg kuerz sinn, ass d’Waarden op Chrëschtdag eng wëllkommen Ofwiesselung am groen Alldag. Vill Leit schätzen d’Adventszäit, déi lescht véier Woche viru Chrëschtdag, als besënnlech Zäit, mee och als Zäit, fir a stëmmungsvoller Ambiance shoppen ze goen a gutt Iessen ze genéissen.

Absolut Prioritéit: kee Stress! An dofir “schenkt” de Lëtzebuerger Handel Iech extra Zäit, fir an der Zäit viru Chrëschtdag akafen ze goen. Op deene véier Sonndeger viru Chrëschtdag hu vill Plazen an Akafszentren am Land op. Kuckt emol direkt hei, wou op ass: 6. Dezember, 13. Dezember, 20. Dezember. An eiser Agenda fannt Der och weider Infoen zu vill Chrëschtmäert oder aner Evenementer am Land! Déi éischt Mäert fänken iwwregens schonn den 21. November un.

Zu Lëtzebuerg fannt Dir bestëmmt Äert ganz perséinlecht Highlight bei de Chrëschtdagscadeauen, net zulescht wéinst der grousser internationaler Villfalt vu Produiten an dem héije Qualitéitsstandard.

Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché