05 Apr 2016

Dräi nei Geschäfter am Belval Shopping Center

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

A leschter Zäit hunn dräi nei Geschäfter am Belval Plaza Shopping Center hir Dieren opgemaach… fir Iech e gudde Grond, mol nees en Tour an de Süde vum Land ze maachen!

Schonn zënter Dezember bitt “Golden Bean” excellent Kaffisspezialitéiten un. Nieft dem Café an der Stad gëtt et lo hei dat zweet Geschäft vum lokale Kaffisréischterer. Genéisst op der Plaz oder wielt d’Variant “Coffee to go”. Mee net vergiessen, déi eng oder aner séiss Sënn auszeprobéieren.

Ganz nei am Belval Plaza Shopping Center ass och “TALLY Weijl”. Dës Mark mat hirem gudde Choix un Dammemoud ass scho mat  800 Butteker an 38 Länner vertrueden a bedreift och en Onlineshop. Um Belval kënnt Dir bei TALLY Weijl op 136 m2 akafen.

Och nei am Belval Plaza ass déi däitsch Schongmark “Tamaris”. Et ass deen éischten Tamaris-Markestore am Land. Mat sengen 104 m2 Fläch komplettéiert d’Geschäft d’Center-Offer a Saache Schong a Maroquinerie.

Good Idea : Dräi nei Geschäfter fir méi Shopping-Spaass!

Belval Plaza Shopping Center


Avenue du Rock'n'Roll
L-4361 Esch-sur-Alzette

 +352 26 17 51 79

 info@belvalshopping.lu
 
 Méindes bis freides vun 10 bis 20 Auer. Samschdes vun 9 bis 19 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché