11 Dec 2015

Ettelbréck invitéiert op e Shoppingserliefnis fir Chrëschtdag

vun Nathalie | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Chrëschtmaart, Candle Night, Christmas Shopping : Zu Ettelbréck gëtt d’Zäit ronderëm Chrëschtdag zum Erliefnis – an dat schonn zënter 40 Joer. Sou laang gëtt schonn de Chrëschtmaart organiséiert, iwwregens deen eelste vu senger Zort am Grand-Duché.

Dëst Joer ass e vum 11. bis den 13. Dezember an der Ettelbrécker Foussgängerzon (freides vu 17 bis 20 Auer, samschdes vun 10 bis 21 Auer, sonndes vun 10 bis 18 Auer). Lokal Veräiner bidde Schneekereien a Kaddosartikelen un a ginn dem Maart säin onverwiesselbare Flair.

Déi Ettebrécker “Candle Night” gehéiert zënter 2005 zu den Highlighte vun der Adventszäit am Norde vu Lëtzebuerg: Donneschdes, de 17. Dezember verwandelt sech déi ganz Stad a besonnesch d’Foussgängerzon an e Mier vu Luuchten. D’Butteker hu bis 20 Auer op.

De leschte Weekend viru Chrëschtdag sinn déi Ettelbrécker Geschäftsleit den 20. Dezember vu 14 bis 18 Auer fir Iech do. Beim Christmas Shopping fannt Dir garantéiert dee richtege Kaddo fir Är Léifst. Et gëtt iwwregens och während der ganzer Adventszäit zu Ettelbréck vill kulturell Manifestatiounen, déi Iech op d’Chrëschtfest astëmmen. All d’Informatioune fannt Dir op Ettelbruck.lu!

Good Idea : Fir déi éischte Kéier gëtt et dëst Joer eng Äispist. Genéisst dëse Wanterspaass um Parking vun der BIL am Stadzentrum, direkt bei der Foussgängerzon, vum 5. Dezember bis den 23. Dezember all Dag vu 14 bis 18 Auer (wa Manifestatioune sinn, méi laang).

Chrëschtdag-Shopping Ettelbrèck


Place de l‘Eglise
L-9090 Ettelbruck

 
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

  • Christa: 2015-11-25 19:44:36
    Ich werde da sein...freu mich !
Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché