23 Aug 2017

Keng Kompromësser bei der Erzéiung

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Bei Empyreum dréit sech alles ëm d’Kand, sief et a sengem familiären oder sengem schouleschen Ëmfeld. Hei gëtt et alles fir Schoul a Bildung, vu Miwwelen iwwer Spiller a Bicher bis zu Sportmaterial, fir doheem, an der Schoul oder beim Sport. D’Sortiment léisst d’Fachkompetenz an déi jorelaang Erfarung vun Empyreum erkennen. D’Kannermiwwele sinn net nëmmen ästhetesch, ma och ergonomesch a robust.

Fir d’Léieren an d’Kreativitéit vun deene Klengsten ze fërderen, bitt d’Geschäft eng breet Wiel u Bastelmaterialien. Do fannen och usprochsvoll Elteren a Schoulpersonal dat, wat se sichen. Donieft gëtt et en décke Katalog mat Spillsaachen a Bicher. „Mens sana in corpore sano” – e gesonde Geescht an engem gesonde Kierper: No dësem Motto fannt Der bei Empyreum och verschidde Sportequipementer, mat deenen Trainer an Turnproffe garantéiert e Volltreffer lande bei hire Schützlingen.

Good Idea : Léieren, bastelen, Sport dreiwen – bei Empyreum fannt Der alles fir eng ofwiesslungsräich Erzéiung vun de Kanner.

Empyreum


Zone d‘Activité & Commerciale Haneboesch II
L-4563 Differdange

 +352 26 58 16 78

 info@empyreum.lu
 
 Méindes bis freides vun 9 bis 12 Auer a vun 1 bis 18 Auer. Samschdes vun 9 bis 16 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché