19 Sep 2013

Shop & Drop

vun P&T | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Fir dass Äre Shopping-Dag nach méi agreabel gëtt, bitt Iech d’Lëtzebuerger Post (P&T) zesumme mam Michel Greco deen neie Service “Shop&Drop” un. Mat dësem Service kënnt Dir Är perséinlech Saache wéi zum Beispill Akafstuten, Poschen, Motorradkleedung oder Gepäck zäitweis an d’Consigne ginn : einfach deposéieren a méi spéit nees ofhuelen. Dir gitt d’Saache bei de Postbeamten of a si ginn Iech se herno nees eraus. Op Wonsch kënnen déi Saachen och un eng Adress geliwwert ginn.

Dräi Optioune ginn et bei “Shop&Drop”:

  • Wann Der d’Saache selwer ofhuelt, steet Iech e Schléissfach fir 3 Euro den Dag zur Verfügung.
  • Liwwerung zu Lëtzebuerg: D’Clientë kënnen hir perséinlech Saachen un eng Adress am Land liwwere loossen.
  • Liwwerung am auslännesche Grenzgebitt: Fir Frontaliere bitt Michel Greco S.A. d’Méiglechkeet, d’Kommissiounen etc. un eng Adress an Däitschland, Frankräich oder der Belsch ze liwweren.

c

“Shop&Drop” fannt Dir iwwregens am Accueil Philatélique op der lénkser Säit vum Postgebai an der Uewerstad.

 

Good Idea : Während verkafsoppene Sonndeger op!

Shop & Drop


Rue de la Poste
L-1118 Luxembourg

 info@greco.lu
 
 Méindes bis Samschdes vun 10.30 bis 18.30 Auer. Och während verkafsoppene Sonndeger op.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché