11 Jun 2015

WiFi an der Stad an zu Esch-Uelzecht gratis

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Gutt Nouvellen aus der Stad a vun Esch-Uelzecht: Zënter dem 1. Juni ( a viraussiichtlech bis den 31. Januar 2016) sinn déi städtesch W-Lan-Reseaue gratis! D’Lëtzebuerger Regierung an déi jeeweileg Stied offréieren hire Gäscht mat Hibléck op d’EU-Presidence vu Lëtzebuerg am zweete Semester 2015 dëse ganz sënnvolle Service.

An der Stad stinn zur Zäit 750 Hotspotten zur Verfügung, iwwer déi een sech z.B. mat sengem Smartphone alogge kann. Einfach no “CITYLUXFREE” sichen a sech connectéieren. Et gëtt kee spezielle Login-Prozess an et ginn och keng Donnéeë gefrot oder gespäichert. Zu Esch-Uelzecht stinn 210 Hotspotten am ëffentleche Raum zur Verfügung. Hei kann een sech iwwert de Reseau “CITYESCHFREE” aloggen.

Eng richteg “Good Idea”, déi och beim Shoppen hëllefe kann, well Goodidea.lu gëtt et och als mobil Versioun. Dir kënnt Iech ë.a. mat Ärem Smartphone geolocaliséieren an no “Good Ideas” an Ärer Géigend sichen.

Good Idea : Zënter dem 1. Juni sinn déi städtesch W-Lan-Reseaue an der Stad an zu Esch-Uelzecht gratis!

WiFi an der Stad an zu Esch-Uelzecht gratis



Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché