Egal, ob beim Akafen, beim Iessen oder bei engem Glas Wäin an enger Bar, de Kader muss stëmmen. Et hänkt ganz vill vum Innendesign vun de Geschäfter, Restauranten oder Baren of, ob een sech do wuel fillt oder net. Wien am Grand-Duché ënnerwee ass, stellt séier fest: Wat den innovativen Design an de Geschäfter ubelaangt, sinn d’Lëtzebuerger ganz mat vir bäi!
Qualitéit a Service ginn hei ganz grouss geschriwwen: Dat spigelt sech an der zäitgenëssescher Gestaltung vun de Verkafsflächen. Sou gëtt Akafe fir Iech als Client zum Design-Erliefnes! Dass Kreativitéit an Innovatioun zu Lëtzebuerg op engem héijen internationalen Niveau leien, weist de Concours “Commerce Design Luxembourg”, dee vum Geschäftsverband vun der Stad Lëtzebuerg (UCVL) organiséiert ginn ass.
Vill vun de Gewënner vun dësem Concours si scho méi laang op eisem Blog präsent. Maacht Iech dach einfach mol op eng virtuell Entdeckungsrees a kuckt Iech eis Tuyauen un- iwwregens net nëmme fir d’Stad Lëtzebuerg!















