GoodIdea - LU » Bijouen an Accessoiren

Zakka
Frëscht Äert Liewen op mat “Zakka”. De Begrëff “zakka” ass e japaneschen Ausdrock an heescht sou vill wéi “vill Saachen”. Haut bezeechent een domat alles, wat Pepp an d’Haus an an d’Liewe bréngt. Zakka Lëtzebuerg huet dësen ugesotene Stilmix an d’Land bruecht.

Am Geschäft an der Stad, net wäit vum Palais, fënnt ee vill phantastesch Objeten aus de Stilrichtunge Retro a Recycling, klassesch a modern: vu Bijouen iwwer Dëschdeko bis bei d’Spillsaachen. Am beschten Dir gitt selwer mol laanscht op Entdeckungsrees!

P-Fashion
Bei P-Fashion kleede Mäner a Fraen sech nei an! D’Moudeboutique am Häerz vun Ettelbréck gouf mat vill Kreativitéit renovéiert a bitt Iech elo nach méi Choix an engem hellen a moderne Kader. P-Fashion bitt eppes fir all Goûten a Stiler, an dat fir d’Teenager bis bei d’Herrschaften am beschten Alter.

Zwou nei Marke sinn an de Programm opgeholl ginn: Guess Accessoires an Tiffosi. Sief et fir Jeans, Hiemer, Costumer, Schong, verschidden Accessoiren a Poschen – bei P-Fashion gitt Dir komplett a kompetent beroden.

Molitor
Am Joer 1897 huet d’Bijouterie Molitor am Häerz vun der Alstad hir Dieren opgemaach. Et ass eng vun den Top-Adresse fir Amateure vun exklusiven Aueren- a Bijousmarken.

Eleng schonn d’Haus um Krautmaart, ganz no beim groussherzogleche Palais, ass e richtege Bijou: Fassad a Vitrine blénken no der Renovatioun erëm wéi nei. Och bei der Ariichtung banne gouf vill Wäert drop geluecht, déi Originalarchitektur ze erhalen.

“Molitor” ass net nëmmen eng exklusiv Adress fir Aueren- a Bijousmarken, mee och fir Produite ronderëm “d’Dëschkultur”. Hei fannt Dir wäertvoll Kristallkreatiounen a komplett Sëlwerbesteckkollektiounen.

Als Client spiert een d’Begeeschterung, mat där de Jacques Molitor säi Geschäft féiert. Fachmännesch Berodung ass selbstverständlech. Reparaturen, Garantieleeschtungen a Maintenance gi séier an zouverlässeg vum spezialiséierte Personal erleedegt. Och den Adel huet nobel Saache gär: Am Joer 1967 krut d’Bijouterie Molitor den Titel “Fournisseur de la Cour”.

Brigitte von Boch
D’Geschicht vum Label Brigitte von Boch huet 1998 ugefaangen. Ganz am Stil vun der Familljentraditioun a mat der Visioun vun enger zäitgenëssescher Lifestyle-Mark virun Aen huet den Oliver von Boch de Betrib gegrënnt, deen senger Mamm hiren Numm dréit. “Brigitte von Boch” bréngt en Hauch vu romanteschem Landliewen an d’Stad.

Dat breet Sortiment geet vun Dammemoud iwwer Accessoiren (eng grouss Auswiel u Bijouen!), Dekoartikelen an alles fir e schéinen Dësch bis zu klenge Miwwelstécker. Duerch “Countrystyle” op där enger Säit grad wéi duerch Produite mat exoteschem Touch op där anerer Säit gëtt d’Sortiment vun “Brigitte von Boch” zu enger richteger Mine vu gudden Iddien, fir aus dem Alldag eppes Spezielles ze maachen.

Wien Iddie ronderëm d’Wunnen a Lifstyle wëll mat heem huelen, kann dat mat de Brigitte von Boch-Bicher maachen, z.B. mat der Zäitschrëft “Living”. Brigitte von Boch ass iwwregens e Betrib aus eiser Groussregioun, um Linslerhof am Dräilännereck tëschent Däitschland, Frankräich a Lëtzebuerg geleeën.

Effets d’Optique: Optiker a Visagiste
E ganz gudden Optiker a Visagiste zu Kolmer-Bierg! E perfekte Service an eng attraktiv Präispolitik – absolut z’empfielen.

BCBG Maxazria
Hanner dem Markennumm „BCBG Maxazria” verstoppt sech exklusiv Dammemoud. D’Ofkierzung BCBG steet fir “bon chic, bon genre”. Wat dat heescht, ass schwéier z’iwwersetzen, dofir kommt am beschte einfach an déi Lëtzebuerger Filial kucken.

An der Groussgaass an der Stad bitt BCBG der moderner Fra vun haut alles, fir sech vu Kapp bis Fouss anzekleeden: Gezei, Poschen, Bijouen a Schung. Iwwregens ginn och déi grouss a manner grouss Stare bei BCBG an an aus.

Marthe Weydert Boutique
D’Boutique Marthe Weydert ass eng Lëtzebuerger Institutioun, wat italienesch Moud ubelaangt. Zënter méi wéi 50 Joer ass den italienesche Chic hei doheem.

Et fënnt een hei exklusiv Dammemoud mat engem spezielle Fokus op Cachemire. Dobäi kommen nach verschidde Moudenaccessoiren a Schong grad ewéi Parfume vun der italienescher Mark Santa Maria Novella.

An der Boutique Weydert kaaft Dir an engem modernen Ambiente an, ouni op d’Kompetenz vun engem Traditiounshaus verzichten ze mussen.

Rackstore Foetz
De “Rackstore” zu Féitz steet fir dee “moderne Shopping-Tempel” mat engem ganz besonnesche Flair. Dat muss een erlieft hunn!

Op 5.200 m2, verdeelt iwwer 2 Stäck, modern a geraimeg, fannt Dir méi wéi 80 Marken. Dammen, Hären, Kanner – hei fënnt jiddereen eppes: Moud, Schong, Bijouen, Accessoiren an Ënnerwäsch, an dat an all Präiskategorie. An der Lëscht vun de Marke vum Rackstore fannt Dir ënner aneren déi heite Marken: Scotch&Soda, Hugo Boss, Armani a Calvin Klein.

Mat der Clientskaart (Carte de fidélité) kritt Dir fir en Akaf vu 400 Euro un en Akafsbong am Wäert vu 40 Euro. Erlieft selwer “Shopping à la Rackstore” a kommt laanscht zu Féitz! Parkproblemer gëtt et iwwregens keng, dofir suergt ënner anerem en ënnerierdesche Parking.

Mexx
Zënter dass d’Entreprise fir Moud “Mexx” 1980 an Holland gegrënnt ginn ass, huet si sech rasant entwéckelt. Haut ginn ënnert der Mark “Mexx” Moud, Accessoiren, Wunntextilien a Parfum verkaaft – an iwwer 65 Länner, dorënner och Lëtzebuerg. De Mexx-Stil ass éischter lässeg an inspiréiert sech um Liewen an der Groussstad. Moud vu Mexx ass, wéi d’Entreprise vun sech selwer seet, designed “to exxite”.

Am Grand-Duché fannt Dir bei Mexx an der Stad an zu Bartreng (an der Belle Etoile) Moud fir Dammen an Hären an och Accessoiren. Textilie fir d’Haus ginn et z.B. beim “Kichechef” op der Cap.

America Today
“Street” an “College”: De Kleederstil vu jonken Amerikaner ass elo mat “America Today” och zu Lëtzebuerg ukomm! Déi Trendmark, déi zënter 1989 an e puer europäesche Länner präsent ass, huet viru kuerzem hiert éischt Geschäft zu Lëtzebuerg opgemaach.

Op zwee Stäck kritt Dir Dammen- an Häremoud gebueden, fir Häre bis d’Gréisst XXL. D’Marke bei “America Today”: America Today, Converse, Jake Fischer, Russel Athletic an 100% true.

Kommt dach mol laanscht kucken a léiert déi sympatesch Equipe kennen, déi Iech gäre beréit!