25 Jun 2014

Bijouen a Kaddosiddie vum Spezialist

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Et ass wierklech eng Minn fir Kaddoen. Bei “Cado-Line” zu Iechternach sidd Der richteg, wann Der op der Sich no qualitativ héichwäertegen an ausgefalene Kaddosiddie sidd.

D’Kollektioune vun “Lampe Berger” an “Yankee Candles” bréngen aussergewéinlech Geréch an Är véier Wänn. Mat Steiff-Déiere maacht Der garantéiert net nëmme Kanner eng Freed. Ausserdeem gëtt et an der Boutique eng grouss Auswiel un Haustextilie wéi Riddoen, Bettwäsch, Handdicher an Teppecher.

Cado-Line, e Geschäft, dat et schonn zënter 1992 zu Iechternach gëtt, bitt an der Tëschenzäit am Shop-in-Shop-System déi dräi bekannte Bijousmarke Pandora, Thomas Sabo a Swarovski un. Ketten, Braceleten, Pendentiffe fir Braceleten – Iechternach kéint sou zum Mekka fir Bijousamateure ginn!

Good Idea : Cado-Line bitt eng grouss Auswiel u Bijouen un: Et fënnt ee kleng Butteker vu Pandora, Thomas Sabo a Swarovski am Geschäft.

Cado-Line Thibeau Romy


46, rue de la Gare
L-6440 Echternach

 +352 72 98 47

 cadoline@pt.lu
 
 Méindes vun 14 bis 18 Auer. Denschdes bis samschdes vun 9 bis 18 Auer. Sonndes vun 15 bis 18 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 1 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

  • Astrid Federspiel: 2014-06-26 11:55:02
    Une super adresse, à ne pas manquer!!!
Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché