09 Apr 2015

Dat schéinst Kleed fir dee schéinsten Dag

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

D’Sandra Richard erfëllt Dreem a Wäiss! Wa mat den Temperaturen och d’Zuel vun den Hochzäiten hei am Land an d’Luucht geet, huet d’Proprietärin vun “White Dreams”, engem vun de wéinege Brautmoudegeschäfter am Land, hir Aarbecht schonn erleedegt: “Déi meeescht Clientëe kafen hiert Kleed en etlech Méint am Viraus.”

D’Sandra Richard an hir Equipe versuergen d’Braut fir d’éischt mol mat vill Informatiounsmaterial a maachen e Rendez-vous aus , fir unzeprobéieren. Da schléit an der Reegel d’Stonn vun der Wouerecht: Mathëllef vum Rot vum Expert gëtt séier kloer, wat passt a wat net, an och fix (Design-)Iddie gi realistesch ageschätzt. Op der Plaz, zu Ettelbréck, si ronn 100 Brautkleeder an de Gréisste 36-54 prett, fir uprobéiert ze ginn.

Och wann an der Good Idea-Equipe an nächster Zukunft keng Hochzäit geplangt ass, loosse mir eis beroden (an deem Fall ouni unzeprobéieren)… d’Sandra Richard erzielt vu Couppe wéi d’A-Linn (kierperbetount bis un d’Hëft, dann no ënnen hi breet) an den Nixen-Linnen (ganz kierperbetount, ënne weit, mat enger Schleef). Trends an dësem Joer sinn iwwregens Spëtzt a Pastelltéin.

“White Dreams” kleet Iech selbstverständlech vu Kapp bis zu Fouss. Dir kritt hei natierlech och déi passend Dessousen, Accessoiren a Schong. An nach en Tipp vum Expert zum Schluss: Keng Hochzäit ouni Jupon!

Good Idea : Et kann een och ouni Hochzäit Spaass hunn … z.B. beim Oktoberfest. Bei "White Dreams" fannt Dir och Trachtemoud.

White Dreams


45, avenue J.F. Kennedy
L-9001 Ettelbruck

 +352 26 90 45 24
 +352 26 90 45 24

 wdreams@pt.lu
 
 Méindes vun 14 bis 18 Auer. Denschdes bis samschdes vun 10 bis 18 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché