15 Sep 2015

D’Cinderella wäert neidesch op Iech ginn!

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Dir frot Iech elo sécher, wat Dir dofir musst maachen … Mir recommandéieren Iech, bei Mellow Yellow laanscht ze goen, där bekannter Schongmark, déi no enger kuerzer Paus elo nees op enger neier Plaz an der Stad ze fannen ass. An där schéiner heller Boutique fannt Dir Schong fir all Goût: héich an niddereg Talleken, Lieder a Plastik (!), knalleg Faarwen an dezent Faarftéin.

Saison fir Saison dat Neist vum Neisten… sou gitt Dir garantéiert moudesch duerch d’Liewen. An – Dir léif Dammen, Dir kennt dat – nimools ouni Accessoiren aus dem Haus! Bei Mellow Yellow kritt Dir Poschen a verschiddene Gréissten – mol méi, mol manner nëtzlech, mee ëmmer schick! Gitt besicht déi sympatesch Shopmanagerin Cindy a loosst Iech an d’Welt vun de moudesche Schong entféieren!

Good Idea : Wie ganz besonnesch ausgefale Modeller sicht, fënnt se hei - fir den Alldag, mee och fir owes erauszegoen; natierlech just bis Hallefnuecht;-)!

Mellow Yellow


60, Grand-Rue
L-1660 Luxembourg

 +352 26 20 15 09

 
 Méindes bis samschdes vun 10 bis 18.30 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché