17 Jun 2015

Deen éischte lëtzebuergesche Moude-Bus rullt duerch d’Land!

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Ganz nei an absolut eenzegaarteg: Den „Akabo Fashion Bus“ rullt duerch Lëtzebuerg. U Bord: d’Lyne, de Karel an eng grouss Auswiel un ökologesch a fair produzéierte Moudenartikelen. Dofir gouf den ale Bus an e Buttek op Rieder verwandelt.

Dir fannt do Gezei an Accessoirë vu verschiddene Marke fir Dammen an Hären. Dorënner sinn Artikelen aus Holz (wéi z.B. Mécken) vun der Mark “Be Wooden”, Skateboarde vun der Mark “207”, déi zu Bijouen ëmfonctionnéiert gi sinn, Holz-Sonnebrëller vun der Mark “Palo” oder och stylesch Flipfloppe vun der Mark “Souls”, déi Är Féiss douce masséieren.

Wéi et sech fir e Bus gehéiert, gëtt et natierlech och e Fahrplang, deen Dir Iech op der Internetsäit vum Akabo Fashion Bus ukucke kënnt. Dir fannt de mobille Shop op de Parkplaze vun den Naturata-Geschäfter op verschiddene Plazen am Land. Iwwregens kënnt Der de Bus och lounen, z.B. fir e Shoppingevent mat Frënn oder Aarbechtskollegen. Dir musst just eng Parkplaz zur Verfügung stellen, déi grouss genuch ass, ëm de Rescht këmmeren sech d’Lyne an de Karel!

Good Idea : Dës "Moud op Rieder" ass e ganz innovatiivt Konzept. D'Iddi an d'Produiten, déi ugebuede ginn, wäerten Iech begeeschteren!
D'Marke vum Akabo Fashion Bus stinn alleguer fir ökologesch Nohaltegkeet.

Akabo Fashion Bus




 +352 661 801 259

 info@akabobus.com
 
 Arrêten, Datumen an Auerzäite fannt Dir op der Internetsäit vum Akabo Fashion Bus.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché