17 Aug 2015

Exotesches vu Madagaskar

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Schätz vu wäit hier, ganz no bäi: Genee déi fannt Dir bei “Trésors lointains”, enger klenger Boutique an der Stad. D’Decoratioun an d’Produiten entféieren Iech an déi exotesch Welt vu Madagaskar. Dass déi fënneftgréisst Insel vun der Welt wéinst hire Fielsen och déi Rout Insel genannt gëtt, spigelt sech am Geschäft geneesou erëm , wéi d’Exportsuccèse Gewierzer a speziell d’Vanille, déi een an de Stellage fënnt!

Ausserdeem kritt Dir hei allerlee lokal Produiten, wéi ätheresch Ueleger, Seefen, Holzskulpturen, op der Hand brodéiert kostbar Artikelen, wëll Seid, Bijouen a Schockela. D’Verpackunge sinn iwwregens alleguer och ganz attraktiv, virun allem d’Gewierzer an de gliesene Réiercher. Wann eppes bei d’Sortiment dobäi kënnt, gëtt et ganz aktuell op der Facebooksäit vun der Boutique verëffentlecht.

Good Idea :

Eis Liiblingsproduite sinn de Menthezocker, deen Ärem Téi déi speziell frësch Nott gëtt, an exotesch Gewierzer fir beim Grillen.

Trésors lointains


11, rue Louvigny
L-1946 Luxembourg

 +352 26 20 12 10

 contact@tresorslointains.lu
 
 Denschdes bis samschdes vun 10 bis 18.30 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché