16 Apr 2014

Haute Couture fir déi Kleng

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

D’Kannermoud vum Sophie DeWalque ass prett fir den Defilé. Déi jonk Designerin huet vill Erfarungen an der internationaler Moudewelt gesammelt, zu Paräis,Genua, Tokyo an New York geschafft … mee schlussendlech dunn awer zu Lëtzebuerg hiren eegene Label kreéiert.

“Sophi(e)stication” – den Numm ass Programm, well d’Sophie stécht seng ganz Léift fir Moud, Faarwen, Motiver an héichwäerteg Materialien an d’Kreatioun vu ganz raffinéiertem Kannergezei. Jonk a verspillt (wéi déi Kleng ebe sinn), awer ëmmer mat Eleganz. Un dëse besonnesche Moudekreatiounen huet déi houfreg Mamm sécher och hire Spaass!

Good Idea : Och en einfache Rack léisst sech ganz gutt mat Accessoirë vu Sophi(e)stication wéi enger Ketten oder engem Schal oppeppen!
Authentesch Kleeder ganz nom Wonsch vum Client: D'Sophie DeWalque kreéiert a produzéiert  Kannermoud, zu Lëtzebuerg gemaach.

Sophi(e)stication




 +352 691 677 068
 +352 36 54 10

 sophietication@gmail.com
 
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché