02 Feb 2015

Italienesche Schick fir all Dag

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Wie bei “Officine 904”, dat e bësse verstoppt am Carré Bonn an der Stad läit, erageet, steet mol fir d’éischt just op kënschtleschem Wues. Och soss ass dëst Geschäft alles anescht wéi gewéinlech: E minimalisteschen Design, an deem héichwäerteg Produiten aus Lieder -Moudeartikel an Accessoiren- ganz geschéckt an Zeen gesat ginn (ë.a. als Deel vun der Ariichtung).

Kee Wonner, wann ee weess, dass zwee Architekten a Stylisten hei um Wierk waren. D’Artikelen, déi aus Norditalien kommen, wéi Poschen, Portmonnien oder och Mécken, sinn handgemaach. De Gerant Gilibert Tullio erkläert Iech gär d’Geschicht, déi hannert de Posche stécht, a wéi een dës italienesch Designerstécker am beschte dréit.

Da kënnt d’Qual vun der Wahl: Déi meescht Modeller gëtt et an 18 verschiddene Faarwen. Wann Der de kënschtlesche Wues nees verloosst, da wuel mat zimlecher Sécherheet mat neiem italieneschem Schick- deen iwwregens ganz extravagant agepaakt ass.

Good Idea : Italienesch Handaarbecht vum Feinsten! Nieft de Standardmodeller gëtt et och ëmmer nees limitéiert Editioune vu Produiten.

Officine 904


7-9, rue Philippe II
L-2340 Luxembourg

 +352 661 772 825

 tgbg30@hotmail.com
 
 Méindes vun 14 bis 18 Auer. Denschdes bis samschdes vun 9 bis 18 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 1 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché