27 Apr 2011

Jitrois

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

An 2010 huet de franséische Moudedesigner, Jean-Claude Jitrois ee Buttek zu Lëtzebuerg opgemaach. D’Geschäft op zwou Etagen, eng fir d’Hären an eng fir d’Dammen, ass ganz no beim Palais an der Stad.

Den Interieur gouff vum Christophe Pillet entworf, a gläicht ganz vill dem Mammenhaus zu Paräis. De “Kinnik vum Lieder” Jitrois mécht Gezei fir ganz vill Prominenter, wéi zum Beispill Lady Gaga, Rihanna, Kesha an nach vill anerer. De Jitrois léisst sech vun alles Méiglechem inspiréieren a wëllt virun allem ganz modern sinn. Kreatioun, Eleganz, Gefill, hie wëllt Iech virun allem d’Gefill ginn ze gefalen.

Good Idea : De Jean-Claude Jitrois huet d'Stretchlieder erfonnt. An hien hellt dës Matière fir Jeans, Räck, Jacketten... an nach villes méi ze maachen.

Jitrois


8, rue du Marché-aux-Herbes
L-1728 Luxembourg

 +352-26200006

 Luxembourg@jitrois.com
 
 All Dag vun 9.30 bis 18.30 Auer op. Sonndes ass zou.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 1 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché