04 Dec 2014

Mir wëlle mëll Woll!

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Déi ultra-duuss Pullovere wëllt Der bestëmmt net méi ausdoen. Firwat? Cashmere! Den Eric Bompard ass DEE Cashmere-Spezialist, an dat schonn zënter 30 Joer an zënter kuerzem och mat engem Geschäft an der Stad.

Ausgangsproduit fir déi kuscheleg Pulloveren &Co. ass d’Woll vun der Geessegattung “Capara Hisca”. Dës Woll gëtt vum Eric Bompard an attraktiven Hären-an Dammekollektioune verschafft. Et fënnt een awer och Kannermoud bei där Paräisser Mark. Wéi an enger Bibliothéik steet ee virun engem héije Regal a kuckt op de Klassiker vun de Bompard-Produiten, e Pullover, deen et a méi wéi 40 verschiddene Faarwen ze kafe gëtt.

D'”Labo”-Kollektioun ass do e bësse méi experimentell a charakteriséiert sech duerch Kreativitéit a moudesch Innovatioun. Vläicht geet Iech awer och deen een oder aneren Accessoire duer, fir Är Garderob opzepeppen. Frot den Eric Bompard!

Good Idea : Duuss Woll an hirer beschter Form: trendy a klassesch an ëmmer an héijer Qualitéit.
Dir fannt déi ganz Kollektioun och am hauseegenen Onlineshop.

Eric Bompard


17, rue Philippe II
L-2340 Luxembourg

 +352 26 47 86 27

 
 Méindes bis freides vun 9.30 bis 18 Auer. Samschdes vun 9 bis 18.30 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché