15 Nov 2012

Molitor

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Am Joer 1897 huet d’Bijouterie Molitor am Häerz vun der Alstad hir Dieren opgemaach. Et ass eng vun den Top-Adresse fir Amateure vun exklusiven Aueren- a Bijousmarken.

Eleng schonn d’Haus um Krautmaart, ganz no beim groussherzogleche Palais, ass e richtege Bijou: Fassad a Vitrine blénken no der Renovatioun erëm wéi nei. Och bei der Ariichtung banne gouf vill Wäert drop geluecht, déi Originalarchitektur ze erhalen.

“Molitor” ass net nëmmen eng exklusiv Adress fir Aueren- a Bijousmarken, mee och fir Produite ronderëm “d’Dëschkultur”. Hei fannt Dir wäertvoll Kristallkreatiounen a komplett Sëlwerbesteckkollektiounen.

Als Client spiert een d’Begeeschterung, mat där de Jacques Molitor säi Geschäft féiert. Fachmännesch Berodung ass selbstverständlech. Reparaturen, Garantieleeschtungen a Maintenance gi séier an zouverlässeg vum spezialiséierte Personal erleedegt. Och den Adel huet nobel Saache gär: Am Joer 1967 krut d’Bijouterie Molitor den Titel “Fournisseur de la Cour”.

Good Idea : An hirem eegenen Atelier schaaft d'Bijouterie Molitor Iech Är Bijoue ganz no Äre Wënsch.

Molitor


4a, rue du Marché aux Herbes
L-1728 Luxembourg

 +352 22 44 90
 +352 26 20 27 25

 
 Bijouterie: denschdes bis samschdes vun 10 bis 17.45 Auer. Dëschkultur Boutique: denschdes bis freides vun 9.30 bis 12 Auer a vun 13 bis 17.45 Auer, samschdes vun 9.30 bis 12.15 Auer a vun 13.30 bis 17.45 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché