27 Jun 2013

Montblanc Boutique

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Eng schéin Ënnerschrëft ze hunn ass eng Saach, eng aner Saach ass et, déi mat engem schéine Schreifinstrument opzewäerten. Fir dee passenden, stilvollen Accessoire ze fannen, sollt een an där neier “Montblanc Boutique” an der Stad laanschtgoen. Do fënnt een – am edele Kader vum Geschäft presentéiert – ganz klassesch eng Auswiel vu Bicken a Füllfiederen, mee och Aueren, Bijouen a Maroquineriesartikelen.

Well et sech ëm e renge Montblanc-Shop handelt, kritt der hei ausserdeem seelen an éischter ausgefale Produite vum Luxusartikel-Produzent, z.B. Kollektioune mat Produitsnummeren. Wie weess, vläicht haalt Dir jo scho geschwënn nees e brillante Grond an der Hand, fir e Bréif ze schreiwen, amplaz per E-Mail ze kommunizéieren!

Good Idea : Entdeckt déi  ganz Gamme vun den héichwäertege Montblanc-Artikelen.

Montblanc Boutique


31, Grand-Rue
L-1661 Luxembourg

 +352 26 86 48 01

 Denschdes bis samschdes vun 10 bis 18 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 1 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché