15 May 2014

Moudeklassiker am Miniaturformat

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Déi kleng kreativ Bijouen an Accessoirë sinn dem Anne-Marie Herckes hir Hommage un d’Moudeklassiker: Ob Reemantel, Jackett, plisséiert Jupe oder Sneaker – alles gëtt nei interpretéiert an am klenge Format zu moudesche Kultobjeten zesummegesat. Sou entsti Broschen an Unhänger fir an d’Ketten, déi net nëmmen d’Opmierksamkeet op sech zéien an ausgefale witzeg sinn, mee och nach vill méi erschwénglech wéi déi grouss Originaler.

No engem internationale Moudestudium an der Belsch an an Éisterräich huet d’Anne-Marie Herckes Beruffserfarung bei verschiddenen Designer gesammelt, ier si 2006 ugefaang huet, hir eegen Accessoires-Kollektioun ze entwerfen.

Deeler vun hire Kreatioune kritt Dir iwwregens an dëse Geschäfter: “Muse by” (rue Philippe II an der Stad), “Mudam Boutique” (um Kierchbierg) an “Maalem” (rue du Nord an der Stad).

Good Idea : Der Anne-Marie Herckes hir Kollektioun wiisst stänneg: An der Tëschenzäit ginn et och Braceleten, Rénker, Schalen a Posche mat Blummemotiven.
Eng Auswiel vu Produite verkeeft d'Anne-Marie Herckes iwwer den Onlineshop Denicheuse.com!
D'Anne-Marie Herckes konzipéiert  a fabrizéiert hir Produite selwer!

Anne-Marie Herckes




 +352 691 782 594

 info@anne-marieherckes.com
 
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 1 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché