28 Oct 2013

Pomellato

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Déi italienesch Bijousmark “Pomellato” huet sech fir hir Lëtzebuerger Filial e richteg architektonesche Bijou erausgesicht: Dat elegant Haus am Art-Déco-Stil vum Ufank vum 20. Joerhonnert bitt dee perfekte Kader, fir déi souwuel moudesch wéi och dezent Bijouen aus dem Haus Pomellato ze presentéieren.

Bannen am Geschäft gëtt mat agreabele Kontraster gespillt: Schwaarz lackéiert Elementer, Gold – a Sandtéin grad wéi rout Sëtzmiwwel suerge fir eng Atmosphär, an där een sech wuel fillt. Raffinéiert Faarfkombinatioune sinn och bei de Réng méiglech an erlaben deenen, déi se unhunn, domat déi verschiddenst Outfitten ze perfektionéieren. Och d’Ketten an d’Colliere kënnen duerch hir innovativ Verschlëss an hiren Design op ganz flexibel Manéier gedroe ginn.

Kompetent Berodung ass garantéiert, well Pomellato Lëtzebuerg gëtt vum etabléierten a bescht bekannte Bijoutier Goeres geféiert.

Good Idea : Entdeckt déi grouss Varietéit an der Offer vun dëser italienescher Mark: modern, decontractéiert an dezent.

Pomellato


11, rue des Capucins
L-1313 Luxembourg

 +352 44 36 96

 pomellato@lyassis.lu
 
 Du mardi au samedi de 10h30 à 18h30.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché