04 May 2017

Positiv Emotioune fir matzehuelen

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Déi gutt Laun kéint Dir a Form vu Poschen ëmmer derbäi hunn! „SaKaNana“ heescht de Label, deem seng Geschicht mat enger einfacher Iddi ugefaang huet: Molereien op Géigestänn, déi ee liicht mathuele kann, (Poschen, Rucksäck, etc.) mat engem positive Message a voller Energie. Dir gesitt, Saachen, déi een eigentlech muss gesinn, si schwéier a Wierder ze faassen.

Wann Dir d’Geschäft an den Atelier vu SaKaNana op engem sonnegen Nomëtteg besicht, stralen d’Faarwen ëmsou méi an d’Sonn léisst déi exklusiv Konschtwierker a besonnesch guddem Liicht erschéngen. Ze gesi si jee no Gréisst vun de Poschen zwou oder dräi Fraen, déi ganz entspaant spadséiere ginn an dobäi all Moment vum Liewen ze genéisse schéngen. Fir d’Kënschtlerin Claire-Lise Backes sinn et virun allem d’Faarwen, déi d’Leit bei der positiver Kommunikatioun ënnerstëtzen.

Genau wéi all Konschtwierk en Original ass, sinn och d’Verkafsplaze gutt ausgewielt. Sou kënnt Dir se zum Beispill hei fannen: Am Atelier zu Senneng, am Hotel Le Royal an der Stad, am Shopping Village Pall Center (Uewerpallen) a bei Fashion Boom.

Good Idea : Super Kaddosiddi fir d'Madame mat enger Tendenz zum Besonneschen. D'Posche mat den eenzegaartege Motiver kritt Dir vun 130 Euro un.
Verschidde Posche ginn no vegane Prinzipie produzéiert.
SaKaNana huet de Label „Made in Luxembourg“.

SaKaNana


46, rue du Château
L-6961 Senningen

 +352 621 183 899

 clairelise@sakanana.lu
 
 Méindes bis sonndes vun 10 bis 19 Auer an op Rendez-vous.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché