20 Aug 2015

Raffinéiert Bijoue fir d’Fra, déi mat der Moud geet

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Ausgefalen, extrem raffinéiert … D’Bijoue vun der Rina Oliveira fale wierklech an d’Aen – wann och eréischt op den zweete Bléck, well trendorientéiert muss jo net onbedéngt opdrénglech heeschen. Déi gebierteg Japanarin Rina fabrizéiert hir zaart Konschtwierker ënnert dem Label “RINA OLIVEIRA jewelry design” aus héichwäertege Materialie wéi zum Beispill 14K gold filled, 925er Sëlwer, Sëlwergold an Hallefedelsteng.

An hirem Lëtzebuerger Atelier entstinn op Wonsch och ganz perséinlech Bijouen, z.B. mat den Initiale vun Äre Kanner oder Ärem Partner: “Couple Bracelet” an “Two Star Initial Necklace” si Kreatiounen, déi dofir passen.

Sot et mat engem Bijou … fir de Gebuertsdag, Mammendag oder aner perséinlech Evenementer bitt d’Rina Oliveira d'”Necklace Message” un. Fir bis zu 6 Buschtawen ass dorop Plaz. Gitt emol an der Rina hiren Onlineshop laanscht kucken!

Good Idea : D'Rina Oliveira mécht Ouerréng, Braceleten a Kette ganz no Äre Wënsch. Wielt d'Materialien, d'Faarwen an d'Initialen oder ganz Wierder eraus.
Bestellt am Onlineshop. Fir Lëtzebuerg sinn d'Bestellunge 5-7 Deeg nom Paiement beim Keefer, international Envoie brauche 5-12 Deeg.
Der Rina hir Bijoue entstinn an hirem Lëtzebuerger Atelier. E puer Kreatioune kritt Dir iwwregens an der Boutique vum MUDAM um Kierchbierg.

RINA OLIVEIRA jewelry design




 info@rinaoliveira.com
 
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché