06 Nov 2013

Sëlwerbijoue selwer maachen

vun Sandra | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Léiert, wéi ee mat Art Clay Sëlwer e Pendentif aus echtem Sëlwer selwer mécht! Art Clay Sëlwer ass eng Mëschung aus Sëlwerpartikelen, engem organesche Bindemëttel a Waasser, déi wéi Plastilin verschafft ka ginn. Duerch d’Brenne vum modelléierte Stéck verbrennt d’ Bindemëttel an et bleift 999er Feinsëlwer zeréck.

Dëse Cours gëtt Iech e gudden Abléck an dat, wat mat Art Clay Sëlwer alles méiglech ass. Well a klenge Gruppe geschafft gëtt, kritt jidderee gehollef, soubal Froen optrieden. Dofir ass dee Cours och fir absolut Ufänger gëeegent. Besonnesch interessant sinn och eis Themen-Workshoppen: Déi bidde mer zum Beispill fir Valentinsdag un a mir organiséieren och Workshoppe fir de Gebuertsdag!

D’Course sinn an der “Bastelkiste” an der Stad.

Good Idea : Mat de Bijouscourse vu createur.lu gitt Dir selwer zum Bijousdesigner!

Sëlwerbijoue selwer maachen


17, rue Fort Elisabeth
L-1463 Luxembourg

 +352 661 142 009

 mail@createur.lu
 
 Infoen op createur.lu
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

  • labranchedenenuphar.com: 2014-01-22 10:26:21
    Depuis plusieurs années je conçois moi-même mes bijoux dans toutes les matières. Mais l'argent est l'une des plus belles matières qui soient. Ce qui me plaît c'est qu'on peut personnaliser et réaliser selon ses goûts.
Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché