Frëscht Äert Liewen op mat “Zakka”. De Begrëff “zakka” ass e japaneschen Ausdrock an heescht sou vill wéi “vill Saachen”. Haut bezeechent een domat alles, wat Pepp an d’Haus an an d’Liewe bréngt. Zakka Lëtzebuerg huet dësen ugesotene Stilmix an d’Land bruecht.
Am Geschäft an der Stad, net wäit vum Palais, fënnt ee vill phantastesch Objeten aus de Stilrichtunge Retro a Recycling, klassesch a modern: vu Bijouen iwwer Dëschdeko bis bei d’Spillsaachen. Am beschten Dir gitt selwer mol laanscht op Entdeckungsrees!