Elo heescht et oppassen! Den 29.6. fänken am ganze Land d’Summersolden un! Bis de 14.7. kann een an de Solde sou munchen Top-Produit zu Top-Konditioune kréien. An net vergiessen: Deen éischten ass vir! Dofir sollt een sech och onbedéngt den 1. Juli am Kalenner usträichen.
Dee Sonndeg hunn op verschiddene Plazen zu Lëtzebuerg d’Geschäfter op. Matten an de Solden huet een also nach méi Zäit fir no gudden Offeren ze kucken. Geschäfter an deenen heite Stied, Gemenge a Shopping Center maache mat:
Nidderkäerjéng (vun 14.00 bis 19.00 Auer), Bartréng (vun 14.00 bis 19.00 Auer), Iechternach (vun 15.00 bis 18.00 Auer), Esch-Uelzecht (vun 14.00 bis 18.00 Auer), Féiz/Monnerech (vun 14.00 bis 18.00 Auer), Gréiwemaacher (vun 10.00 bis 18.00 Auer), Lëtzebuerg-Stad (vun 14.00 bis 18.00 Auer), miersch (vun 10.00 bis 18.00 Auer), Recken op der Mess (vun 14.00 bis 18.00 Auer), Sandweiler (vun 14.00 bis 18.00 Auer) ;
Belle Etoile Bartréng (vun 10.00 bis 19.00 Auer), Belval Plaza Esch-Uelzecht (vun 10.00 bis 18.00 Auer), City Concorde Bartréng(vun 10.00 bis 19.00 Auer), Cora Féiz (vun 9.00 bis 13.00 Auer), Knauf Center Pommerlach an Schmëdd, Pall Center Uewerpallen, Schopping Center Massen, Topaze Shopping Center Miersch a Walfer Shopping Center (vun 10.00 bis 18.00 Auer).
Shoppingspaass zu gudde Konditiounen ass iwwerall garantéiert!













