14 Mar 2016

Trends an der Moud fir 2016 beim “Fréijoersshopping”

vun Good Idea | 1 commentaire

Geschwë steet d’Natur op ville Plazen a voller Bléi. A wéi gesäit et an Ärem Kleederschaf aus? Scho Fréijoersgefiller oder nach de Wanterblues? Beim traditionellen “Fréijoersshopping” kritt Dir e Sonndeg, den 20. Mäerz 2016 nees Extra-Shoppingszäit! A wat erwaart Iech a Saache Fréijoers- a Summermoud?

Hei sollt Der den 20. Mäerz laanschtkommen, well vill Geschäfter an dësen Uertschaften an Akafszentren hu vu 14 bis 18 Auer fir Iech op:

  • Auchan Shopping Center (Kierchbierg)
  • Shopping Center Belval Plaza (Esch-Belval)
  • Shopping Center City Concorde (Betrange)
  • Esch-sur-Alzette
  • Ettelbruck
  • Grevenmacher
  • Shopping Center La Belle Etoile (Bertrange)
  • Luxembourg-ville
  • Mersch
  • Topaze Shopping Center (Mersch)
  • Walfer Shopping Center (Walferdange)

 

Am Kader vum Fréijoersshopping hu vill Organisateuren sech awer och e flotte Programm afale gelooss: Am City Concorde kritt Dir vun de Freideg un Remisen op déi nei Kollektiounen, ausserdeem invitéiert de City Concorde de Samschden op Defiléeën. Am Belle Etoile offréieren vun de Samschden un eng Rei vu Geschäfter Remisen op Moud, Maroquinerie an Accessoiren. De ganze Weekend iwwer ginn 105 Akafsbongen am Wäert vu 50 Euro verloust. Ettelbréck invitéiert den 19. an 20. Mäerz op säi Konscht- a Konschthandwierkermaart an der Foussgängerzone, wou originell Créatiounen an Unikater d’Offer vum lokale Commerce komplettéieren. Zu Miersch gëtt gefeiert! Déi drëtt Editoun vun de “Street Days um Mierscherbierg” versprëcht samschdes a sonndes Remisen an de Geschäfter, Animatiounen a Spiller fir déi ganz Famill an natierlech och Iessen an Gedrénks. Zu Esch/Uelzecht organiséiert de Mercedes Benz Club Lëtzebuerg den “Oldtimer & Classic Cars” mat engem Cortège dëse Sonndeg um 15 Auer duerch d’Uelzechtstrooss. E puer Kilometer méi wäit verdeelt am Shopping Center Belval Plaza en Ouschterhues Eeër. An d’Stad? Zu Lëtzebuerg gëtt dëse Sonnden d’Ouverture vum Glacismaart gefeiert. Scho vun 10 Auer moies un kënnt Dir do stöberen a Brocante, Planzen, Textil an Accessoiren, Dekoratiounsartikelen, Liewensmëttelen a villes méi entdecken, ier dann um 14 Auer e puer Meter méi wäit och d’Geschäfter opmaachen.

D’Equipe vu Good Idea wënscht vill Spaass beim Fréijoersshopping!

Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
1 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentéieren

*obligatoresch

  • pol: 2015-03-29 00:07:57
    tjo et gin emmer domm leit dei daat sonndes brauchen!!! akaafen ass genuch zeit an der woch, ennerhuelt eppes mat der famill um sonnden!!! brengt definitiv mei!!



Besicht de Grand-Duché