25 Aug 2016

Verkafsoppene Sonndeg a Grouss Braderie

vun Good Idea | Kommentéieren

Et ass eng lass an der Stad: Nieft der Schueberfouer ass den 4.9. verkafsoppene Sonndeg an der Stad. Den Dag drop, den 5.9., ass da Grouss Braderie! Kiermes, e Bummel duerch d’Stad, Juegd op gutt Affären – dat alles léisst sech wonnerbar matenee verbannen.

Sonndes, den 4. September, ass vun 14 bis 18 Auer Shopping-Time! Den Eenzelhandel an der Stad zeechent sech duerch eng grouss Markevillfalt aus. Vill Butteker an der Stad hunn deen Dag op. Déi perfekt Geleeënheet, fir nei Kollektiounen z’entdecken. Beim Cityshopping Info Point op der Plëss kritt Dir nëtzlech Informatiounen iwwer d’Akafsméiglechkeeten an der Stad.

Op enger Längt vu 5 Kilometer fannt Dir den Méinden 5.9. vun 8 bis 19 Auer bei der Grouss Braderie staark reduzéiert Markenartikelen – en Akafserliefnes sonnergläichen. Am Garer Quartier an am Zentrum verkafen iwwer 400 Händler hir Wueren am Fräien. Béid Quartiere verwandele sech a grouss Foussgängerzonen.

Shopping a Schueberfouer – béides zesummen dës Deeg wuel eng richteg Good Idea!

Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché