30 Apr 2015

Artikele fir Kanner online kafen

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Als Mamm vun zwee klenge Kanner hätt d’Sabine Zepponi gar online akaf, mee d’Offer war zimlech moer. Wéi huet si de Problem geléist? Ma si huet 2012 “Bibilux” gegrënnt, hiren eegenen dräisproochege Webshop fir Artikele ronderëm d’Kand bis 6 Joer.

D’Sabine bitt do Marken un, déi een éischter seele fënnt. Hir Ambitioun ass et, méiglechst ëmmer dat komplett Sortiment unzebidden. Bei Bibilux fannt Dir z.B. eng grouss Auswiel u Wéckelposchen, fir genau ze sinn 250 verschidde Modeller. Ganz speziell si Wéckelposchen aus Lieder, déi een och als flott normal Posch benotze kann.

Den Onlineshop bitt mat 300 verschiddene Modeller och eng grouss Auswiel un Teppecher fir an d’Kannerzëmmer un. Vum Kannerbett bis bei d’Kannerbesteck gëtt et vill ze entdecken. A falls Dir keng eege Kanner hutt, fannt Dir ganz sécher eng passend Kaddosiddi fir den Nowuess an der Famill oder dem Bekanntekrees!

Good Idea : Mat Promotiounscoden (déi ee bei den eenzelnen Artikele gesäit) kann een am Onlineshop gutt Affäre maachen.
Nohaltegkeet op héchstem Niveau bidden d'Wéckelposche vun "Green Label". Si ginn aus recycléiertem PET gemaach.
Internationale Versand. Zu Lëtzebuerg ass de Versand vu 50 Euro Bestellwäert u gratis.

Bibilux.com




 +352 621 267 611
 +352 26 53 25 25

 info@bibilux.com
 
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché