25 Sep 2014

Aussergewéinlech lokal Produite „live“ entdecken

vun Lët'z go local | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Déi drëtt Editioun vum “Lët’z go local”, dem Maart fir lokal Produiten, ass de 4. a 5. Oktober 2014 , dës Kéier am CarréRotondes! Hei fannt Dir eng Rei lëtzebuergesch Produiten, Kreatiounen a Servicer. Kommt an entdeckt dat, wat Lëtzebuerg wierklech ausmécht a léiert Kënschtler, Handwierker an aner Fachleit kennen, déi dohannert stinn.

Am CarréRotondes fannt Dir ronn 70 verschidde Participanten, no deene verschiddene Kategorie agedeelt (Gastronomie, Moud, Design, Jugend, Wellness, Editioun a professionell Servicer). Zum Programm gehéieren och verschidden Atelieren an Aktivitéite fir Grouss a Kleng.

Méi gutt Iddie vun hei? Kuckt emol an der Kategorie “I love local” op Goodidea.lu!

Good Idea : Den Entrée ass fräi!
Nohaltegkeet gëtt bei "Lët'z go local" groussgeschriwwen. Frot bei den Exposanten no, wat si zur "Green Idea" mécht!
Op Dësem Maart ginn nëmme lokal Produiten, lokalen Design a lokal Servicer presentéiert.

Lët’z go local @ CarréRotondes


1, rue de l'Aciérie
L-2652 Luxembourg

 
 Samschdeg 4. a Sonndes 5. Oktober vun 10 bis 18 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché