28 Nov 2014

Basics & Bespoke

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Dir Hären, sidd der prett, fir umoossen ze kommen? Bei Basics&Bespoke herrscht en Hauch vu briteschem Landadel an den Doft vun Tweed, engem graff gewiefte Stoft, deen ursprénglech aus Schottland kënnt an eis a ville verschiddene Karomusteren an Déckte bekannt ass.

No aktueller Moud brauch ee bei Basics&Bespoke net ze sichen, well do gëtt virun allem ee Stil verkaaft: de briteschen! Et ass Gezei (vu verschiddene Marken) mat Geschicht, authentesch a klassesch, fir Iech entdeckt an op Lëtzebuerg bruecht. Huele mer zum Beispill den Trenchcoat: Um Enn vum 19. Joerhonnert fir déi britesch Arméi entworf, steet e fir eng ganz Epoch, mee en ass ëmmer erëm am Moudesign present.

Déi grouss Auswiel u Vintage-Wuer (net ze verwiessele mat Second-Hand) mécht Basics&Bespoke zu enger Raritéit am Grand-Duché. Ausserdeem ass déi kleng Boutique Spezialist fir Kleeder op Mooss a schafft dofir mat engem Londoner Schneider zesummen, fir dass Äert Gezei perfekt sëtzt. Bereet fir eng Audienz?

Good Idea : Klassesch Moud mat Geschicht fir Individualiste vun haut!

Basics & Bespoke


2, rue du Marché-aux-Herbes
L-1728 Luxembourg

 +352 26 20 16 75
 +352 26 20 10 75

 info@basics.lu
 
 Denschdes bis samschdes vun 13.30 bis 18.30 Auer. Moies op Rendez-vous.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché